2 responses
Ech gi säit gudd 15 Joër dohin an ech hunn de Wandel a sénger ganzer "Pracht" gespuert. Bis viru, soe mer 2-3 Joër war ech nach frou iwwer de reegelméissege Besucher-Zouwuess, d'Infrastruktur war um Niveau op der GP-Streck an de Recht war genau sou spärlech wéi et sëch gehéiert. Mee hir läscht Evolutiouns-Stuf huet mëch schockéiert, an dat ass ënnerdriwen. Du kens der fir wéi zu Dubai, eng Mëschung aus Disneyland (Achterbahn, Eifelduerf) a völleg gestéierter Plangung (e Casino??). Soit, gudd, dass mer meeschtens eh op der Nordschleife d'Course kucken..
Ech war scho bestëmmt 5 Joer net méi do, a war deemools schonn zimlech schockéiert wéi kommerziell dee gudden ale Ring ginn ass, well ech d'Nordschleife nach aus där Zäit kennen wou ee bei der Nordkehre op de Circuit ropgefuer ass an een nach méi no vir wéi an de Réckspigel kucke konnt.

Ech hat mer deen neien "Erliefnispark" virun e puer Méint um Internet ugekuckt a wosst net wat ech dovun hale sollt. Mä lo froen ech mech ob een net besser hätt, ze waarde bis déi "sagenumwoben" Kris an der Eifel ukomm ass an dee gréissewahnsinnege Management mol rëm um Buedem ukomm ass, ier een dat doten iergendwann rëm ënnerstëtze geet.